Prouf am neien Parkhaus

En besonnegt Klangerliewnis gouf et Freideg owend den 11 Juni, wéi d'Ettelbrécker Musek am neien Parkhaus am Däich eng Prouf ofgehaalen huet. Op der Sich no der idealer Plaz, wou Koronakonform zesummen mam néidegen Ofstand geprouft kéint gin, war d'Iddi vum Parkhaus opkomm an war och positiv Reaktiounen seitens den Gemengeresponsabel gestouss. Hinnen dofir heimat nach emol en grousse Merci.
Di nächst Plaaz wou dir eis kennt lauschteren as op eisem klenge Concert virum Cape en Samsdeg den 19 Juni ab 11 auer.