Generalversammlung vun der Ettelbrécker Sektioun vum Roude Kräiz

De President huet d’Éieregäscht vun der Direktioun vum Roude Kräiz, vun der Gemeng an d’Benevollen häerzlech begréisst.

No enger Gedenkminutt fir déi kierzlech Verstuerwe Madame Sylvie Krecké-Schmidt, déi laang Jore bei der Quête gehollef huet, sinn den Aktivitéits- an de Keeserapport presentéiert ginn.

An der Kleederstuff, déi all Mëttwoch vun 13h00 bis 16h00 op ass, goufen d’lescht Joer fir 855 Leit Kleeder a Schong verdeelt.

Beim Mois du Don 2023, wou Deplianten zu Ettelbréck a Waarken vun der Sektioun verdeelt goufen, sinn 9320 € iwwerwise ginn.

Fir 52 Joer Benevolat gouf d‘Madame Odette Wagner-Brucher geéiert.

De Präsident huet dem Comité an deene ville Leit Merci gesot, déi an der Kleederstuff, bei der Quête an um Chrëschtmaart gehollef hunn.

De Groupe Zoé vum Roude Kräiz, deen sech ëm mannerjäreg Mamme bekëmmert, krut e Chèque vun 3000€ iwwerreecht.

Den Owend ass gemittlech mat enger klenger Agape ausklénge gelooss ginn.


De Comité vun der Sektioun setzt sech zesummen aus:

Mme Valérie Trauffler-Strock, Éierepresidentin

M. Jos Rausch, President

M. Guill. Krecké, Secrétaire

Mme Nicole Reff-Willmes, Tresorière

Mme Jeanne Both, Member

M. Luc Rasqui, Member

M. Georges Riever, Keesereviseur

M. Cox Louis, Keesereviseur