D'Sanny Rausch-Meier huet e Samschdeg den 19. Juli hir 100 Joer zu Wooltz an der Geenzebléi am Servior gefeiert, wou si zënter Oktober 2023 mat Kompetenz an Dévouement betreit gëtt. Zu Zerf am Ruwerdall as si als 2. Kand vun enger kannerräicher Bauerefamill op d'Welt komm. An de Nokrichsjore koum si bei d'Famill Bodé op Bauschelt schaffen an ass do hänke bliwwen. 1950 mam Pol Rausch bestuet , hunn déi zwee hir Famill gegrënnt, op déi d'Sanny haut ganz houfreg ass an op déi de Pol zënter September 1998 vum Himmel aus oppasst: 4 Kanner, d'Pauline, de Jos, d'Agnes an d'Germaine , 6 Enkelkanner an 8 Urenkel. All waren si op der 100-Joer-Feier derbäi. Och hir 2 jéngst Schwësteren, Neveuen an Niesse waren um Fest derbäi fir dem Sanny vill Gléck a vill Seege fir de Rescht vun hirem Liewen ze wënschen.