Oppene Breif un eisen Här Buergerméschter dén sou häftech an d’Kritik geroden ass

Bei eis, Här Buegerméschter, an der Impasse, ass et nach guer net ze speit, daat waat kromm gelaaf ass, riicht ze beien.

Wann ech Buergerméschter wier, waat ech nie gin an och nie si wöllt, geif ech, viirwaat net no der Bau-Vakanz, wei gehabt, eng Versammlung aruffen fiir d’Leit aus eiser Gaas, och dei vun der Spuerkéss dei di läschte Keier vergiess gi waaren awer trotzdem komm sin, dem Bauhär, dem Marc Thoma, d’Wort, an ärem Jurist (dé mat dénen gudde Rotschlei).

Mat der Begrönnung, dass op där Versammlung den Bauhär genau Détailler vu senger Baustell gött. Den Ooflaaf, waat fir e Kran, wei d’Camionen bei d’Baustell kommen, wei d’Secherhét garanteiert ass. Bekanntlech ass jo schon en Baustelleschutz op en Auto gefall an op en Hoerno op en Cyclist. Schlussendlech ass et engem Buergerméschter seng Aufgaab, sech fiir d'Secherhét vun den Awunner ze këmmeren.

Da wiiren eis eeler Leit berouegt.

Kann de Bauhär die viirgenannten Kriteren net iwwerzégend beléen, entzid dir him op der Plaatz seng Baugenehmegung „en attendant“ dass hien daat kann. Soubaal hien daat da kann, loost dir daat vun der ITM kontrolleieren. Domadder sid dir aus dem Schneider.

Domadder hätt diir dem Misär viirgebaut an manner Rooserei, a Plaatz ze waarden bis dei Däitsch erem maache wei dohém an diir musst duerno agreifen a gid ugegraff.

Wann dann alles kloer um Dösch leit, rufft diir eng nei Versammlung an (ech schätzen dass daat 3 Joer dauert) an loost de Bauhär erklären, wei de Chantier dann oofléft.

Domadder ka kén Iech mei viirwerfen, diir geift Iech net fiir är Wieler asetzen, diir sid legal an der Reih, an all Mönsch wéss, waat Ettelbreck un Iech huet.

Mei kann ech net fiir Iech maachen, et sierf dann, Iech eng erhuelsam Vakanz wönschen.