Virstellung vum neie Buch "1624- Hexejuegd zu Uselding"
to see more pictures.
Les « Amis du Prieuré d’Useldange » presentéiere hiert neit Buch
De gemeinsamen Interessi un der lokaler Geschicht vun Uselding a sengen Nopeschdierfer an och d’Suerg ëm den Erhalt vum architektonesche Patrimoine hunn eng gutt Doze Leit motivéiert, fir de 15. Juli 2020 eng Asbl mam Numm « Les Amis du Prieuré d‘Useldange » ze grënnen.
Ënner dem Titel „1624 Hexejuegd zu Uselding – De Prozess vun der Katrin Theis“ hunn d‘Useldinger Prioratsfrënn am Oktober hiert neit Buch erausbruecht. D’Publikatioun an enger héichwäerteger Opmaachung krut d‘Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an der Useldinger Gemeng accordéiert a konnt op de Patronage vum Här Kulturminister Eric Thill zielen.
Déi offiziell Virstellung vun dësem Buch goung de 15. Oktober 2025 zu Everling “Am Schlass” a Presenz vun den Auteuren, dem Kommitee vun der Asbl an de Gemengeverantwortlechen iwwert d’Bün.
D'Oplo vum Buch, dat zum Präis vun € 58,- verkaaft gëtt, beleeft sech op nëmmen 250 Exemplare mat +/- 230 Säiten a ka mat engem E-mail un den Albert Waltzing (alwal@pt.lu) bestallt ginn.
(Fotoen: Charles Reiser)(Text : Georges Majerus )