Mam "Männerkouer Aterdaul" - iwwer Bierg an Daul- Glanzvolle Galaconcert zu Foulscht

Och dest Joer erëm huet de Männerkouer Atertdaul mat sengen 28 Sänger dese Freideg a Samsdeg , op hire Galaconcert 2011 invitéiert. Den Optrëtt ee Freideg den Owend war e richtigen Oureschmaus fir di vill Gesangliebhaber déi sech am Kulturzenter zu Foulscht afond haaten. Ënnert der Leedung vum Dirigententeam Adriana an Ovidiu Victor Dragan mam Claude Huss um Piano stung e flotten Liederbouquet um Programm. Och de Christoph Becker huet d'Leit bei sengem Solooptrëtt ganz iwerzeecht.Ganz am Ufank sin all Uwiesend mat engem leckeren Teller verwinnt gin. Mat humorvollen Einlagen huet d'Marianne Kugener- Goethals duerch de flotten Gesangprogramm ënnert dem Moto " iwwer Bierg an Daul "gefouert. De Präsident Marc Sauber war houfrig souvill Leit können ze begréissen a hofft dat haut den Owend di zweet Oplag och erëm esou ee Succès huet, zumol sech fir di zwéin Owender iwer 600 Gesangfrënn ugemellt haaten fir hei derbéi ze sin.
Kuckt d'Fotoen de Charel Reiser um éischten Owend geschoss huet.
Méi heivunner an de kommenden Deeg am Luxemburger Wort ze liesen.