Medailereen bäi der Foulschter Musik

Den 23. Abrëll hat d'Foulschter Musik op hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Foulscht invitéiert.. De President André Wio konnt den éischte Schäffen, Madamm Myriam Binck vun der Gemeng, Madamm WAGNER-HEITZ Arlette, als offiziell Vertriederin vun der Ugda begréissen. Uschléissend war eng Gedenkminutt fir de Verstuerwenen Éierepresident Nico Melchior.

De Sekretär Alain Fretz huet den Aktivitéitsbericht virgedroen, an een Ausbléck op dat lafend Joer ginn.

Duerno konnt de Keessier Fernand Ugen iwwert eng gesond finanziell Situatioun vum Veräin beriichten.

D‘Assemblée huet den Aktivitéits an de Keesebericht per acclamatioun ugeholl an d’Keesereviseuren, Lou Wio, Pascal Garçon a Jang Wio fir e weidert Joer bestätegt. Duerno war et un der Wiel vum Kommitee. Déi austriedend Kommiteesmemberen hunn hier Kandidatur oprecht erhalen, an eng Kandidatur fir de Kommitee koum derbäi. Si goufe vun der Assemblée bestätegt. De President, André Wio huet der Assemblée Merci gesot, fir hiert Vertrauen an de Kommitee fir d’Zukunft. Och Mercie vun him, un all déi, déi mat Asaz an der Musek wéi och zum Wuel vun der Musek bäidroen.

Dirigentin, Madamm Laurence Steichen huet de Memberen ewéi dem Kommitee Merci gesot, a wënscht sech dass déi positiv Ambiance am Veräin bestoe bléift.

Madamm Myriam Binck huet déi beschte Wënsch vun der Gemeng iwwerbruecht, an d'Jugendaarbecht gelueft. Och konnt Si matdeelen dass Subside fir’t Veräiner erhéicht ginn. No der fräier Aussproch, sinn dunn Medaile vun 3 Joer duerch Madamm WAGNER-HEITZ Arlette, Vertriederin vun der Ugda, a vun der Madamm Myriam Binck, 1. Schäffe vun der Gemeng iwwerreecht ginn.

Insigen : DIEDRICH Chris, FRETZ Alain, ROMEO-ESSER, ROMEO Leni, GIBEAUX Dana.

Médaille de mérite en bronze : PLETGEN Liss, ROMEO Timo, HEINISCH Chiara, CREMERS Victor, HEINISCH Cyril, MARX Chiara, HOFFMANN Jessie, WIO Yannick, CREMERS David, PLETGEN Laura, CATTANI Xavier, MERGEN Luc, SCHMITZ Nathalie, MAYER Jean-Paul.

Médaille de mérite en argent : MASSINON Kevin, PLETGEN-BONIFAS Marie-Paule, WIO Lou, HEYMES Caroline, KLEIN Lynn, WIO Laure.

Médaille de mérite en vermeil : STEICHEN Laurence, WIO-QUAZZOTTI Carole.

Médaille de mérite en vermeil avec palmette : LUCAS Mike, MERGEN Jean-Marie, SCHRONEN Carole, UNSEN Steve.

Médaille en argent Grand-Duc Adolphe : BINCK François, LALLEMAND-WIO Martine, WIO André.

Madamm WAGNER-HEITZ Arlette huet e positive Feed-Back vun der Ugda iwwerbruecht, an dem Veräin vill Chance an Erfolleg gewënscht.

Als Ofschloss, huet de President André Wio dunn all Uwesend op Mëttegiessen invitéiert, dat vun engem Musikant deen och Traiteur ass, «Den neie Kachmann» vun Nidderpallen zerwéiert ginn ass.

Virum Aperitif an dem Iessen, huet Jugendmusik nach ee klenge Concert gespillt.

Hei nach e puer Donnäe vum Veräin:

Prouwe waren et der 44; Kommiteessëtzungen 11; Altersmoyenne vun den 88 Memberen : 35 Joer; Altersmoyenne vum Comité : 51 Joer. Den eelste Member ass 65 Joer derbäi an dee jéngste Member 1 Mount. 12 Memberen (Jugend) sinn nach keng 5 Joer derbäi.

Am Kommitee : President: WIO André, Vize-President: REISER Mariette, Sekretär: FRETZ Alain, Sekretär adjoint: WIO Laure, Keessier: UGEN Fernand, Sous-Chef : WIO Paul, Memberen: BONIFAS Paule, CRETON Roel, ESSER Lynn, LALLEMAND Michel, MAJERUS Véronique, MAYER Lisa, PLETGEN Marc.