41. Garnecher Hamefest 07. - 09.06.2013

D’Garnecher Musek invitéiert vum 7. – 9. Juni 2013 op dat 41. Garnecher Hamefest.

Freides de 7. Juni 2013 suergen de Fausti an den Orchester NI DOHEEM fir Stëmmung a Samschdes den 8. Juni 2013 d’Neptun’s Houseband. Dës Orchesteren si da just zréck vun der Päischtcroisière.

Op de Virverkafsbilljeeën vum Hamefest ass eng Gratistombola mat als éischte Präis eng Kabinn fir 2 Leit op der Päischtcroisière 2014. Zousätzlech Geld- an Trouschtpräisser sinn och ze gewannen.

Sonndes den 9. Juni 2013 zerwéiere mir Iech traditionell d’Mëttegiessen am Zelt an Dir hutt de Choix zwëschen :
- Ham am Schampes
- Ham, Fritten an Zalot
- Gegrilltes, Fritten an Zalot

Musikalesch gëtt de ganzen Dag encadréiert duerch d’Optrëtter vun :
13:30 Garnecher Jongbléiser
14:30 Lëntgener Musek
16:00 Wormer Musek
souwéi flotter Musek mam DJ Chrëscht

Mir wiere frou Iech zu Garnech begréissen ze kënnen.

Pompiers-Fanfare Garnich A.s.b.l.

www.garnechermusek.lu