CONCERT vun der UNION DES SOCIÉTÉS DE CHANT VUN DER STAD LËTZEBUERG (USCVDL) mat de "CHORALES RÉUNIES*

Wéi schon am Februar op der Generalversammlung vun der Chorale Fräiheet 44 ugekennecht, war e Sonndeg de 17. März de Gesangconcert am Home St Joseph. Um Programm stong eng schéin Auswiel vun bekannte Lidder, déi gutt interpretéiert gi sinn vun de "Chorales Réunies". Et sinn Lidder gesonge ginn, fir se emol opzezielen:
"Non, je ne regrette rien"
"Barcarolle"
"Toutes les femmes sont belles"
"Mexico"
"The Exodus Song"
"Music"
"Hello Goodbye" an
"A Concert Celebration"
Fir d'Direktioun war den Ovidiu Dragan zoustäenneg mat der Begleedung um Piano vum Michèle Mootz-Lentz. Duerch de Programm huet de Pierre Puth gefouërt an dobäi och emol eng oder déi aaner flott Geschicht erzielt.
De Kaffi Taart a Kuch war natiirlech nët vergiess ginn.
Dës Manifestatioun war organiséiert vun der Chorale Fräiheet 44
Hei e puer Impressionen am Bild festgehaalen.
(txt-pics by md)