Journée de la Commémoration nationale zou Gaasperech

Sonndeg, 11. Oktober 2015
No enger feierlecher Mass an der Porkierch zu Gaasperech déi vum Här Paschtouer Romain KROEGER gehale ginn ass, hun den Interesseveräin Gaasperech asbl (Syndicat d'intérêts locaux de Gasperich) zesummen mat dem Comch Henri Oé vum Commissariat de proximité vun der Police grand-ducale vun Gaasperech souwéi den Vertrieder vun den Gaasperecher Veräiner beim Monument aux Morts eng Gerbe néiergeluecht fir de Verstuerwenen aus dem lëschten Kriech ze gedenken. D'Sonnerie aux Morts ass vum Philippe Colling op der Trompette gespillt gin an d'Chantres de Ste Thérèse hun d'Heemecht ugestëmmt. Duerno huet den Interesseveräin op e gemittlechen Patt am Porheem invitéiert.