Ackerbauschüler Promotioun 1962- 1963 hun sech erëmgesin


Gilsdorf: Getrei dem Verspriechen, sech no dem läschtem Konveniat am Joer 2018 erëm zegesin, sin di fréier Ackerbauschüler Promotioun 1962- 1963 der Aluedung vum Pierre Rodesch a Lucien Koob viru kuurzem och gäre nokomm. Ugefongen huet den Dag mat enger interessanter Führung duerch di nei Ackerbauschoul zu Gilsdorf, wou et fir den stellvertrienden Direkter vum Lycée Technique Agricole, Romain Tobes, eng besonnesch Éier war, der symphatischer Gesellschaft den zweckmässigen Neibau och am Detail virzestellen. Duerno huet jidderren sech den deftige Menü am Restaurant „Mollibar“ zu Grooljen gut schmaache geloos. No e puer gemitlich Stonnen a flotter Ambiance waren di fréierer Ackerbauschüler och ganz domadder averstaanen, sech an de kommende Joere nees ze treffen. (CR) (Foto: Charles Reiser)