Zu Gonnereng ass alles prett fir d'Buergbrennen den 9. März

Den 11. Januar war den Gonnerenger Duerfclub mat den Trakteuren duerch Gonnereng gefuer fir d'Chrëstbeemercher anzesammlen. Et sinn richetch vill Beemercher gesammelt ginn, sou datt alles prett ass fir eng schéin Buerg um Buergsonnden, den 9. März, um “Gehaansraich“ (rietser Hand, wann een Richtung Roudemer fiert) ze bauen.
Ab 14.30 Auer ass fir Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt, Lëtzeb. Grillwurscht, Mettwurschten a Kuch souwéi Kaffi, Glühwein, Schoky a kal Gedrénks ginn proposéiert.
Och dëst Joer geet erëm eisen traditionellen Fakelzuch géint 18.30 vum Parking bei der Schoul fort. D’Kanner kënnen hire Liichtebengel matbréngen.
D’Buerg get dann géint 19.00 Auer ugestach.
Mir freen eis elo schonns op ären Besuch an är Ënnerstëtzung.