De Gonnerenger Duerfclub war Äppel raafen fir Viz ze machen um Allerlee vun Heiheem

Lëschte Samsden war den Gonnerenger Duerfclub zu Gonnereng an och zu Uesweller, Iechternach an Berbourg Äppel raafen fir Viz ze maachen. Vun deem engen Deel, gött den Week-End vum 3. an 4. Oktober bäi "Allerlee vun Heiheem" frösche Viz gemach. Den Rescht geet bäi d'Firma Lahr fir agekachten Viz ze preparéieren.
Fröschen an agekachten Viz könnt der op der Plaatz vierun dem Centre polyvalent Gaston Stein kaafen an de fröschen Viz och schmaachen.

Agekachte Viz:
1L 2,0€ (+vidange 0,25€)
5L 9,0€ Bag in the Box
Frësche Viz:
1,5L 2,5€

Hei önnendrönner fannt der den Flyer vum Allerlee vun heiheem an och e klengen Video deen während dem Vizfest 2014 iwert EquiEnerCoop gedréint ginn ass.