"Oldies but Goldies": eng Billergalerie

De Schweizer Schrëftsteller John Knittel huet emol gesot:"Alt ist man dann, wenn man an der Vergangenheit mehr Freude hat als an der Zukunft." - Wat d'Leit méi al ginn, wat se ëmmer méi aus hirer Jugend erzielen.

D'Gouschtenger Chorale, déi jo och schonn 140 Jor um Bockel huet, huet och zréckgekuckt. Zesumme mat Frënn aus der Wuermer Chorale huet si an hirem Lidderowend den 29. Oktober e Programm mat alen Evergreens présentéiert. Et goung vu Peter Alexander iwwer Camillo Felgen, Vico Torriani, Gilbert Bécaud, Freddy Quinn bis zu Mireille Mathieu an Nana Mouskouri, De Refrain vum Danyel Gérard sengem "Butterfly" huet natierlech de ganze Sall matgesongen. Ganz gutt koum och dem Heino säi gréissten Hit "Blau blüht der Enzian" un, mä am meeschte succès hat ower "Aber bitte mit Sahne" vum Udo Jürgens, dat och als "Bis" verlaangt gouf. - Natierlech hat d'Chorale och e lëtzebuergeschen Evergreen um Programm, an do koum scho bal nëmmen de Jangli vum Colette a Fernand a Fro.

Et wor e gemittlechen Owend, an et huet kengem Leed gedoen, déi puer Stonnen net virun der Tëlëvisioun verbruecht ze hunn. Bei engem gudde Patt gouf nach laang iwwert déi virbildlech Présentatioun vun deene schéinen, ale Lidder an déi formidabel, digital Orchesterbegleedung vum Luc Rollinger geschwat.