Groussen Erfolleg bei der Première vum "Remembrement"

E Samschdeg den Owend war de Centre Culturel zu Wuermer gudd gefëllt, wéi déi lokal Chorale d'musikalescht Theaterstéck "De Remembrement" gespillt huet. Déi Gäscht, déi sech afonnt hate, goufe Villes gewuer iwwer d'Zesummleeë vun de Wéngerten, an iwwer d'Aarbecht, déi de Wënzer d'ganz Joer iwwer ze verriichten huet. Lëschteg Zeenen hu sech op der Bühn ofgespillt, wéi e Maschinneverkeefer vun "déi Säit der Musel" versicht huet séng Wuer lasszeginn oder wéi eng Stadter Famill hiere Footing duerch d'Wäibierger gemach huet, a wéi esouguer en Hond op eemol op der Bühn opgetaucht ass. Eng Liebesgeschicht an Drama hunn natierlech och net duerfte feelen...., mee et sief net zevill verroden......déi Leit, déi sech de Spektakel selwer wëllen ukucken, kënnen dat nach nächste Freideg, 18. November an nächste Samschdeg, 19. November, all Kéier um 20.00 Auer am Centre Culturel zu Wuermer, machen.
Avis aux amateurs! Reservatioune ginn um Telefon 76 05 25 entgéintgeholl.