Wanterconcert mat Scheckiwwerreechung

Wéi all Joer huet d’Fanfare Gouschteng-Beyren viru Kuerzem erëm hire Wanterconcert organiséiert. Den éischten Deel war fir d’“Lokaléquipe” an den zweete fir d’Gäscht vun der Fanfare Schuller-Sprenkeng reservéiert. Béid Museken hunn ënnert der Direktioun vum Didier Wein d’Leit mat engem flotte Programm op déi kommend Chrëschtdeeg agestëmmt.

An der Paus huet d’Fanfare Gouschteng-Beyren e Scheck an Héicht vun 2.500 Euro un d’ONG Kindernothilfe Luxembourg iwwerreecht. Den Direkter vun der ONG Patrick Reinert huet dësen entgéintgeholl. Hien huet d’ONG déi zanter 10 Joer zu Lëtzebuerg besteet kuerz virgestallt an huet erkläert wéi d’Suen agesat ginn. Et handelt sech em e Projet am Norde vum Malawi, deen a 40 Gemengen den Zougang zu propperem Drénkwaasser duerch 20 nei Buerlächer verbessert. Des weidere gi sanitär Ariichtungen a 26 Schoulen gebaut. De Projet erreecht insgesamt 60.000 Leit, dovun 33.000 Kanner, déi dank verbesserter Hygiène gesond opwuesse kënnen.

Den Owend konnt dunn an der Glühwäin-Lounge gemittlech auskléngen.