GENERALVERSAMMLUNG

AN ÉIERUNG VU VERDÉNGSCHTVOLLE MUSIKANTEN VUN DER FANFARE GOUSCHTENG-BEYREN

Gouschteng – Viru kuerzem huet d’Fanfare Gouschteng-Beyren hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Gouschteng ofgehalen fir op d’Joer 2021 zréckzekucken, dëst am Respekt vun den aktuellen Covid-Regelen.

De President Alain Thill huet am Numm vum Comité all Musikanten, Invitéen, besonnesch de Buergermeeschter Roger Barthelmy, d’Vertrieder vum Gemengerot vun der Gemeng Fluessweiler, esou wéi de Vertrieder vun der UGDA, den Här Romain Ries begréisst. Duerno ass deenen am Laf vum Joer verstuerwene Memberen mat enger Gedenkminutt geduecht ginn.

Hien huet e grousse Merci un all Member geriicht deen an dëse schwéieren Zäiten op iergend eng Aart a Weis eng Hand mat ugepaakt huet an domat derfir gesuergt huet datt de Veräin iwwerlieft huet.

D’Sekretärin Martine Duchscher huet en Réckbléck op d’Aktivitéiten vun 2021 gemaach Dësen war leider markéiert vun Annulatiounen (kee Fuesbal, kee Stage, kee Galaconcert a kee Wanterconcert). Déi eenzeg Concerten déi gespillt konnte ginn waren am Summer kleng Stroosseconcerten zu Beyren, Kapenaker a Gouschteng an de Concert op der Porte Ouverte zu Betzder.

Nationalfeierdag, d’Journée Commémorative an d’Begleedung vum Kleeschen waren déi Aktivitéiten déi an Zesummenaarbecht mat der Gemeng ënnerholl gi sinn.

Eng Nouveautéit bei de kulinareschen Aktivitéite war en Take-Away. Och de Wëldowend an de Mullenowend waren erëm um Rendezvous. De beléiften Freidescafé “Bei den Tutebattien” konnt leider eréischt am Juli erëm opgoen. Am Dezember konnt och erëm de beléifte Pubquiz an Zesummenaarbecht mam Club des Jeunes organiséiert ginn.

D’Caissière Edmée Rauen huet dunn de Bilan gemaach. Wéinst der Pandemie ass dësen och méi moer ausgefall wéi all déi Joren virdrun, trotzdem konnt si eng ganz gesond finanziell Situatioun presentéieren. De Josy Sadler huet am Numm vun den Keesserevisore confirméiert, dass d’Keess och dëst Joer ganz gewëssenhaft a korrekt gefouert ginn ass, wourop d’Versammlung dem Comité Décharge ginn huet. Et war dem Edmée Rauen säi leschte Bilan. Si huet décidéiert fir no 14 Joren dëse Posten ofzeginn a krut mat enger flotter Corbeille Merci gesot fir déi vill Aarbecht déi si geleescht huet.

Dat gëllt leider och fir den Dirigent Didier Wein, deen no bal 16 Joer aus perséinleche Grënn bei der Gouschtenger Musek opgehal huet an dofir an senger leschter Ried nach emol e grousse Merci fir all déi schéi Momenter ausgedréckt huet; ce n’est qu’un au revoir. En Nofollger ass och scho mam Ansis Nikolovskis fonnt ginn.

Den Dirigent konnt dem Marc a Sylvie Kruchten, dem Netty Tondt an dem Josy Sadler félicitéieren, déi déi meeschte Prouwebesich opweises haten a mat engem klenge Geschenk belount goufen. D’Schüler déi nach fläisseg an d’Musekscoursen ginn, kruten och e klenge Cadeau.

Am Numm vun der UGDA huet de Romain Ries d’Insigne Junior fir 5 Joer un de Léo Schleck, de Jeff Thill an d’Martine Duchscher verdeelt, d’Médaille de Mérite en Bronze fir 10 Joer un de Cédric Arend, d’Médaille de Mérite en Vermeil fir 30 Joer un de Gilbert Beckius an d’Médaille en Vermeil avec Palmettes fir 40 Joer un d’Christiane Schmit iwwerreecht.

De Buergermeeschter Roger Barthelmy huet ervirgestrach, dass d’Gemeng Fluessweiler de Veräiner an dëse schwéieren Zäiten sou gutt et geet entgéint kënnt a huet Merci gesot fir de Bäitrag, den d’Fanfare an der Gemeng leescht.

Bei engem gemittleche Patt ass den Owend dunn op en Enn gang.

De Comité setzt sech zesummen aus: Alain Thill (President), Edmée Rauen (Vize-Presidentin), Martine Duchscher (Sekretärin), Kim Mühlen (Trésorière), Cedric Arend, Annick Beckius, Michelle Kersting, Mireille Mathieu, Netty Tondt.