GENERALVERSAMMLUNG VUN DER FANFARE GOUSCHTENG-BEYREN

Viru kuerzem huet d’Fanfare Gouschteng-Beyren hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Gouschteng ofgehalen fir op dat ganzt speziellt Joer 2020 zréckzekucken, dëst am Respekt vun den aktuellen Covid-Regelen.

De President Alain Thill huet am Numm vum Comité all Musikanten, Invitéen, besonnesch de Buergermeeschter Roger Barthelmy, d’Vertrieder vum Gemengerot vun der Gemeng Fluessweiler, esou wéi de Vertrieder vun der UGDA, den Här Romain Ries begréisst. Duerno ass deenen am Laf vum Joer verstuerwene Memberen mat enger Gedenkminutt geduecht ginn.

D’Sekretärin Martine Duchscher huet en detailléierten Réckbléck op d’Aktivitéiten vun 2020 gemaach och wann dësen situatiounsbedéngt méi kuerz wéi normal ausgefall ass. Deen eenzegen Concert deen gespillt konnt ginn war e Stroosseconcert am Summer mat den néidegen Ofstandsmesuren,

Vun deenen méi kulinareschen Aktivitéite konnten nach just den traditionellen Wëldowend an en Chili‑Owend esou wéi de Fuesbal “Pupes Mupes” organiséiert ginn. Och den Freidescafé “Bei den Tutebattien” war zum groussen Deel zou. Just am Januar 2020 konnt d’Musek hier Clientèle nach op d'1.000-Kéier-Café-Feier invitéieren. 2021 am Mäerz konnt awer schonn en Take Away mat vill Succès organiséiert ginn.

D’Caissière Edmée Rauen huet dunn de Bilan gemaach. Wéinst der Pandemie ass dësen och méi moer ausgefall wéi all déi Joren virdrun. De Josy Sadler huet am Numm vun den Keesserevisoren confirméiert, dass d’Keess och dës Kéier ganz gewëssenhaft a korrekt gefouert ginn ass, wourop d’Versammlung dem Comité Décharge ginn huet.

Den Dirigent Didier Wein huet natierlech bedauert datt net méi Musek konnt gespillt ginn, huet dann awer Optimismus gewisen datt dat an Zukunft besser gëtt. Hien konnt dem Netty Tondt félicitéieren, dat déi meeschte Prouwebesich opweises hat. Hatt krut e klengt Geschenk. D’Schüler déi nach fläisseg an d’Musekscoursen ginn, goufe mat engem klengen Cadeau belount.

Am Numm vun der UGDA huet de Romain Ries d’Médaille de Mérite en Vermeil fir 25 Joer un de Josy Sadler an d’Médaille en Vermeil Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer un de Jean-Pierre Schmit iwwerreecht.

De Buergermeeschter Roger Barthelmy huet ervirgestrach, dass d’Gemeng Fluessweiler de Veräiner an dëse schwéieren Zäiten sou gutt et geet entgéint kënnt an huet Merci gesot fir de Bäitrag, den d’Fanfare an der Gemeng leescht.

Ofschléissend kruten d’Christiane Schmit dat net méi zur Verfügung stoung fir am Comité erëm gewielt ze ginn an de René Wiltgen, laangjäregen Fähnerech, Houseker a Kichefee, mat passende Geschenker Merci gesot.

De neie Comité setzt sech zesummen aus: Alain Thill (President), Kim Mühlen (Vize-Presidentin), Martine Duchscher (Sekretärin), Edmée Rauen (Caissière), Cedric Arend, Annick Beckius, Michelle Kersting (nei am Comité), Mireille Mathieu, Netty Tondt.