Chrëschtconcert vun der Greiweldenger Musek mat vill Erfolleg


Genau op den 3. Adventssonndeg hat d’Greiweldenger Musek op hiren Chrëschtconcert an d’Kierch op Greiweldeng invitéiert.
Den Concert stoung ënnert der musikalescher Leedung vum jonken Dirigent Christophe Weiland, den zanter September 2010 Dirigent vun der Greiweldenger Musek ass.
Mat derbäi war fir déi éischten Kéier den am Oktober 2010 nei gegrënnte Jugendorchester, den och direkt mat zwee Chrëschtdagslidder déi vill Nolauschterer an déi richteg Stëmmung bruecht huet.
Uschléissend huet d’Greiweldenger Musek hiren Concert mat der “Marche de Tannhäuser” ugefangen an konnt duerno hiert Kënnen mat “Canterbury Chorale”, “A Discovery Fantasy”, “Hymn to the Fallen” an “Spiritual Momants” beweisen.
Mat vill Applaus goufen déi solistesch Musekstécker “Ave Maria” an “When a walk alone” mat dem Solist Claude Weiland op der Trombone honoréiert.
Als Ofschloss huet d’Greiweldenger Musek mat “Christ-Mix” hiren Chrëschtconcert erfollegräich ofgerënnt.
Nom Concert gouf am Veräinsbau zu Greiweldeng an enger gemittlecher Atmosphäre mat Glühwäin an engem gudden Maufel den Adventowend auskléngen gelooss.