Traditionellen Meekranz och zu Greiweldeng

D'Greiweldenger Musek huet och dëst Joer erëm de Meekranz gemeet.
5 Kränz goufen vun de fréie Muergestonne un am Bësch gebonnen an duerno mam musikalesche Cortège duerch Stadbriedemes a Greiweldeng verdeelt.
Fir déi eischte Keier kruut och den neien Buergermeeschter Marco Albert e Meekranz; hien a seng Famill hunn sech doriwwer gefreet an de Musikanten mat engem Patt Merci gesoot.