Adventskränz vun der Greiweldenger Musek !

Sonnden, den 27. November ass den 1. Advent !

Wéi all Joar bastelen d'Dammen vun der Greiweldenger Musek fir Iech schéin Adventskränz fir op den Dësch ze stellen oder fir un d'Dier ze hänken.

Dir kennt fir d'Faarf vun de Käerzen wielen tëschend rout, bordeaux, terracotta, mauve oder champagne; d'Kränz kaschten 30,- €

Bestellt Äre Kranz bis spéitstens den 18. November 2011 beim Sylvie Hentzen um
Tel. 23 69 95 84 oder gsm 661-69 95 84 oder via e-mail op sylvie.h@hotmail.de

Samschdes, den 26. November 2011 kënnt Dir Äre Kranz vun 10 bis 12 Auer an der "Salle Batty Weber", Kräizgaass zu Stadbriedemes ofhuelen.

D'Greiweldenger Musek seet Iech villmools Merci a wëscht Iech eng schéin Adventszäit a besënnlech Chrëschtdeeg!