D’Greiweldenger Musek huet de Meekranz gemeet

Wéi all Joer hunn sech d’Musikanten an d’Memberen vun der Greiweldenger Musek och op dësem 1. Mee fréi moies um Greiweldenger Wëngertsbierg getraff, fir de Meekranz ze maachen.
Nodeems sech all mat Kaffiskichelcher, waarme Mettien a Wirschtecher gestäerkt haten, ass et un d’Wierk gaangen a 5 Meekränz goufen mat vill Engagement a Geschéck gebonne.
Beim uschléissenden Cortège mat Marschmusek duerch Greiweldeng sinn d’Kränz op hiren traditionellen Plaatzen opgehang ginn.
Als Ofschloss vun dësem flotten Event vun der Greiweldenger Musek hunn sech all fir e gemeinsam Mëttegiessen am Veräinsbau zesummefonnt an den Dag gemittlech auskléngen gelooss.