Fuesopening “Jäger goes crazy” vun der Greiweldenger Musek

Den Veräinsbau zu Greiweldeng war erëm gutt gefëllt wéi et um Fuesfreiden lassgaangen ass mam Fuesopening ënnert dem Motto “Jäger goes crazy”.
Den DJ Viez huet fir eng gutt Fuesendstëmmung gesuergt an déi vill schéin Masken an Kostümer hunn och net laang gewaart bis déi éischt Polonaise gestartet ass.
Fir Iessen an Gedrénks hatt d’Greiweldenger Musek wéi ëmmer beschtens gesuergt; niewend der gutt gefëllter “Jägermeister-Bar” hunn selbstverständlech d’Wäiner an den Cremant vun der Musel net gefehlt.

Alles an allem e gelongenen Owend an e flotten Opening an den Fuesweekend op der Musel!