d'ass Kiermes am Duerf

D'Jeunesse Groussbus hat Päischtsonndeg op di traditionell Groussbusser Kiermes invitéiert; lass goung et no der Mass an der Griewerseenung mam Apero am Prommenhaff iert dat leckert Mëttegiessen zerwéiert gouf. Am Nomëtten huet de Self-Defense d'Kanner mat Kiermesspiller ewéi fréier animéiert, dat ganzt zur Danzmusek vum Klimperhari. Passend zu de Gemengewale konnt een sech um Stand vum Zentrum fir Politesch Bildung spilleresch iwwert demokratesch Prinzippien an Zoustännegkeete vun enger Gemeng informéieren. Nom Kiermesconcert vun der Groussbus-Waler Musek huet den Dj Blueteck & CRZDR di sëllege Gäscht nach bis spéit an d'Nuecht bei Laun gehalen.