Ennerstëtzt d'Jugendspiller vum FC Green Boys '77 durch ee gebakene Fësch!

D'Jugendkomissioun vum FC Green Boys '77 béckt Fësch!

Fir d'Kees vum Jugendfussball opzebesseren, béckt d'Jugendkomissioun Karfreidig, den 22. Abrëll 2011 mëttes an owes am Restaurant "beim Sheila" zu Harel Fësch.

Iessen beim Sheila am Restaurant:
Fësch 20 € oder Filet 15€ - mat Gromperen an Zalot

Fir mat ze huelen:
Fësch 18 € oder Filet 13 € - vun 10h30 bis 13h00 a vun 17h30 bis 20h00

Reservatioune kënne nach bis spéitstens den 17. Abrëll 2011 beim Sheila (99 32 53) oder beim René (691 799 737) gemeet ginn.

D'Jugendspiller soen ëch Merci!