Harel/Iischpelt - Avenir Beggen 1-0


De Match huet a sech net schlecht fir d'Wiichtelcher ugefaang. An den éischten 20-25 Minutten haten d'Gäscht eng ganz Rei grouss Chancen, Schëss vun Demeyer an Denigro hunn de Goal awer entweder knapp verpasst oder de gudden Degros huet se gehalen, mä et hätt einfach erëm net solle sinn, den Denigro war der Saach am noste komm, mä säi Kappball sollt just un d'Lat goen. D'Green Boys hu sech just schwéier aus der Emklammerung befreie kënnen a während där Phase hate si een eenzege Konter, deen awer zu näischt gefouert huet. Eréischt no ronn enger halwer Stonn ass de Match méi ausgeglach ginn a wéi ëmmer, ass de Géigner wéi aus em näischt duerch en eklatant Ofwierverfahle vu Beggen a Féierung gaangen: de Steve Schaack hatt all Zäit vun der Welt fir de Ball an der Mëtt vum Strofraum unzehuelen a géint säi Schoss konnt de Chrismousse näischt maachen (1-0, 39.'). Matt dësem knappen awer enttäuschende Réckstand sinn d'Säite gewiesselt ginn.

Nom Téi war d'Partie méi ausgeglach, wat awer och doru geleeë huet, datt Beggen kee Rezept fonnt huet, dëse Géigner lues a lues ze zerplécken, wat sécherlech méiglech gewiescht wier. D'Wiichtelcher hu sech an der Hareler Verdeedegung festgebass, ouni awer reell duerchzekommen, esou datt d'Lokalequipe op Konter zäitweis esouguer méi geféierlech ausgesinn huet, trotz datt si de Ball vill manner haten. Dës Konterattacken goufen méi spéit och doduerch begënschtegt, datt de Jos Steffen alles no vir wollt geheien, wat bei deem knappe Réckstand jo och verständlech ass. Mä ausser 3 grouss Chancen sollt fir Beggen näischt méi eraussprangen. Fir d'éischt krut den Denigro e Säitewiessel vu riets op lénks, mä hien huet e Volley probéiert amplaz de flaache Fouss dohinner ze halen an dee Ball ass wäit laanscht gaangen. Eng Kéier war et dunn nach den Troncao, deen iwwer riets eppes ze séier ofgeschloss hat, säi Schoss goung driwwer, mä an sech hat hien nach genuch Plaz an Zäit, fir de Ball propper unzehuelen an ze schéissen. Déi aner Grousschance hat de Vaz Dos Reis, deen an d'Déift geschéckt gouf, eleng virum Degros opgetaucht ass, mä de Ball do vertendelt huet amplaz direkt ze schéissen, esou datt den Hareler Keeper keng Méi hat, dee Ball ze festzehalen.

Trotz laanger Nospillzäit, sollt sech um Resultat näischt méi änneren. Dës Defaite huet sech ganz staark no Ofstig ugefillt, mä et verbleiwen nawell 3 Matcher an do gëtt et elo näischt méi ze verléieren. Well als Tabelleleschte kann een am Fong just nach no vir kommen!

[ Source: www.wichtelweb.net ]