AWEIUNG VUM NEIEN ZUCHSCHAPP AN DER - FRËSCH RESTAURÉIERTER LOKOMOTIV ‚MAUS‘

AWEIUNG VUM NEIEN ZUCHSCHAPP AN DER

FRËSCH RESTAURÉIERTER LOKOMOTIV ‚MAUS‘

9.MEE 2026 – Musée de l’Ardoise – Haut-Martelange

Bei schéinstem Fréijorswieder hunn um Europadag 2026 d’Frënn vun der Lee hiren neien Zuchschapp an déi frësch restauréiert Lokomotiv ‚d’Maus‘ feierlech ageweit.

Et ware vill léif Membere komm an eis Éieregäscht hu schéin, encourageant Wierder un eis geriicht, virop eis Buergermeeschtesch d’Myriam Binck déi mat e puer Gemengeconseillere mat eis gefeiert huet.


D‘Presidentin d’Agnes Hoogenhout-Hallmanns huet bei dëser Geleeënheet der Gemeng konnte Merci soen, déi gehollef hunn d’Gleisbett ze terrasséieren an déi och nach zougesot huet, eis bei eisem nächsten Zuchprojet, der Erweiderung vum Schinnennetz duerch eng onofhängeg nei Schlauf, beim Terrasséieren z‘ënnerstëtzen. Ee grousse Merci ass awer och un den Direkter Patrick Sanavia gaangen, deen eis Doleance vun enger Garage fir den Zuch virun zwee Joer am Verwaltungsrot vum Schiefermusée ganz eescht geholl huet.

An hire Riede sinn den Direkter genau wéi säi Responsabel fir den Industriepatrimoine, de Patrick Diederich, op d’Wichtegkeet vum Zuch fir de Schiefermusée agaange genau wéi op den onermiddlechen Asaz vun de Frënn vun der Lee an d’Freed mat hinnen ze schaffen.


No der feierlecher Erëffnung sinn déi nei Griller vun de Frënn an den Asaz komm mat ville gudden Zaloten an Desserte selwer preparéiert vun eisen aktive Frënn.

Ee memorabele Feierdag an aller Hisiicht.