Dirndl, Wäiswurscht a Megastëmmung!

Dat wor gëscht Owend zu Hiefenech am Centre Culturel ugesot. De Kapitän Ända an de Matrous K1000, d'Sandy an de Rol an de Woddy hu fir super Stëmmung gesuergt, Danzpiste wor de ganzen Owend gutt gefëllt. Niewent dem normale Wäissbéier gouf et och een fir de Chauffeur vum Owend an d'Wäisswurscht oder de Leberkäs konnt een sech derbäi gutt schmaache loossen. Vill Leit woren esouguer an der richteger Truecht op Hiefenech komm fir ze feieren, wei der Iech op de Biller kennt iwwerzeegen. Denkt och drun aer schéinste Biller an der Truecht op mywort.lu eropzelueden, well et kann een 2x2 Menüen fir den Ungareschen Dag den 13. Januar 2013, organiséiert vun de"Frënn vun Csókakö", gewannen.