Transport op Csokakö

A nees ass e Camion fort an Ungarn. Dësen Donneschden um 17.00 Auer hunn sech Frënn vun Csokakö Hiefenech beim ale Bau getraff fir e Camion mat gesammelten Miwwelen, Kleeder a Spillsaachen ze fëllen. Säit iwwer 10 Joer fueren Si regelméisseg an Ungarn fir hinnen eng Hand mat unzepaken. An aus deenen 10 Joer sinn richteg Frëndschaften entstanen. Dernieft organiséieren se all Joer am Januar den ungareschen Dag an am Oktober "d'Oktoberfest". Den Erléis vun dëse Fester geet integral an déi verschidde Projeten.

Hei e puer Fotoen wou de Camion geluede gëtt. (op der Gruppefotoen fehlen de Guy Schiltz an de Brosius Luss)

Merci all de Leit déi och des Kéier nees gehollef hunn de Camion ze fëllen resp. Saachen gespennt hun.