Chrëschtconcert zu Heischent

No 4 Joer hott d’Chorale vun Heischent endlech rëm hiren traditionnelle Chrëschtconcert op Stiefesdag an der Kierch zu Heischent oofgehal.

Viru gutt gefëllte Reien hu si, no der Begréissung an Aleedung vum Paschtouer Marco Wehles, dirigéiert vum Csaba Fazekas a begleed um Flighel vum Jos Schaefers, vill bekannt an och manner bekannte Krëschtmelodien gesong.

„La virgen lava pañales“, en traditionnellt spuenescht Lidd, gesong vum Dirigent, hott direkt eng besënnlech Stëmmung bruecht, déi mam „Veni veni Emmanuel“ vum Chouer weidergefouert gouf. Den Ave Maria vum Pietro Mascagni, virgedro vum Pierrette Wallers-Schmit, war e weidert Stéck, wat d’Stëmmung vum Waarden, vum Hoffen an der Dankbarkeet ausgedréckt hott.

Bei dene nächste Lidder stunge virun allem d’Gefiller am Mëttelpunkt, déi d’Gebuert vu Jesus an eis ausléise kënnen: Dankbarkeet, Erkenntnis, Freed, Luef (Psallite, Dixit Maria, Tollite Hostias, An der grousser hellger Nuecht, Les anges dans nos campagnes – fir der nëmmen e puer ze nennen). D’Krëschtlidd „Helleg Nuecht“ vum Erny Wilmes, den zu Heischent gelieft hott, koum och zu Eieren.

E besonneche Moment war déi solistisch Einlag vum Pianist, dem Jos Schaefers, den den Andante a Ges-dur aus den „Vier Impromptus opus 90 – D899“ vum Franz Schubert virgedroen hott.

Mat dem Friddenslidd vum Marc Antoine Charpentier hott d’Chorale hire Wonsch no Fridden op der Welt an hirem Programm ausklénge geloss.

Um Uschloss gouf et nach e Patt an der Sportshal, woumatt de Concert e flotten Oofschloss fonnt hott.

Häerzlech Invitatioun fir eise nächste Chrëschtconcert, den 26.12.2024 zu Heischent an der Kierch!