Baby-Sitter Ausbildung Ofschloss

Den 1. Juli 2017 huet de „Baby-Sitting an der Gemeng Hesper a.s.b.l.“ an Zesummenaarbecht mat dem Jugendhaus Hesper fir d’Gemeng Hesper eng Ausbildung fir Baby-Sitter organiséiert.

11 Baby-Sitter waren dobäi an kruten den Emgang mat Babyen a Kanner, Spiller, Sécherheet, Organisatioun an soss alles wat e gudde Baby-Sitter wësse muss bäibruecht.

Um Enn vum Dag konnte alle Kandidaten en Diplom als Baby-Sitter iwwerreechen.

Si stinn ab elo op eiser Baby-Sitter-Lëscht.

Wann dir e Baby-Sitter braucht, da kënnt dir Iech bei eis mellen. Ausserdeem hu mir och eng Lëscht vu jonke Leit, déi de Kanner an der Grondschoul Nohëllef doheem ginn.

www.hesper-kanner.lu

More news by Baby-Sitting an der Gemeng Hesper a.s.b.l. >