Ofschloss vun der Ausbildung fir Baby-Sitter

Am Juli 2018 huet de „Baby-Sitting an der Gemeng Hesper a.s.b.l.“ an Zesummenaarbecht mat dem Jugendhaus Hesper fir d’Gemeng Hesper eng Ausbildung fir Baby-Sitter organiséiert.

10 Baby-Sitter waren dobäi an kruten den Emgang mat Babyen a Kanner, Spiller, Sécherheet, Organisatioun an soss alles wat e gudde Baby-Sitter wësse muss bäibruecht.

Um Enn vum Dag konnte alle Kandidaten en Diplom als Baby-Sitter iwwerreechen.

Si stinn ab elo op eiser Baby-Sitter-Lëscht.

Wann dir e Baby-Sitter braucht, da kënnt dir Iech bei eis mellen. Ausserdeem hu mir och eng Lëscht vu jonke Leit, déi de Kanner an der Grondschoul Nohëllef doheem ginn.

More news by Baby-Sitting an der Gemeng Hesper a.s.b.l. >