Mir mam Kleeschen 2015 (CSJ-Hesper)

Zanter elo schonn’s 15 Joer, heescht et bei der Hesper CSJ, MIR MAM KLEESCHEN.

Ugefangen huet Editioun 2015 den 5. Dezember am Centre Nic. Braun zu Hesper, wou méi wei 80 Kanner op de Kleeschen gewaart hunn. Uschléissend si mir nach bei verschidde brav Kanner heem gaangen.

Eise Promi war dëst Joer Octavie Modert. Mir haten déi grouss Éier d'Octavie bei sech Doheem iwwerraschen ze kennen. Uschléissend konnte mir den Owend nach gemittlech bei der Famill Stronck-Modert ausklenge loossen woufir mir deenen zwee en DECKE MERCI soen.

P.S. de Kleeschen gouf gespillt vum Heng DE RON an den Houseker vum Pol PIERRET.