Kichebrand zu Habscht

Kurz virun 17 Auer goufen dei Fräiwelleg Pompjeeën aus der Gemeng Habscht um 16. Februar op een Feier geruff. Waat als Kameinbrand gemelt war huet sech op der Plaatz ganz schnell als vollausgeprägten Kichenbrand erausgestalt. Mat schweierem Otemschutz hun Pompjeeën misten agreiffen an haaten Feier seier enner Kontroll, allerdings kunnt net verhennert ginn dass dei ganz Kichen Affer vum Feier gouf.Beim Feier koum zum Gleck keen Menschenliewen zu Schued. Op der Plaatz waren dei Fräiwelleg Pompjeeën vun der Gemeng Habscht mat engem kompletten Läschzuch, de Sauvetage an Ambulanz vum Zenter Stengefort an Police.

E bessie mei speit geint 18h30 goufen Pompjeeën nach eenmol op een Kameinbrand an rue Neuort op Habscht geruff, och hei war durch daat schnell agreiffen vun de Pompjeeën Feier seier enner Kontroll.