Housen: Fraen a Mammen spenden net manner wéi 5.500 Euro fir gutt Zwecker

Hir jäerlech Generalversammlung an der fréierer Primärschoul huet de Fraen a Mammen vun Housen dëser Deeg dee passende Kader gebueden, fir gläich zwee Schecke vu all Kéier 2.750 Euro un d'Caritas Lëtzebuerg an un d'Fondatioun Lëtzebuerg-El Salvador ze iwwerreechen.


Den Don fir d'Caritas fléisst an hire Projet vum Bistrot social "Le Courage" zu Bouneweg, wou Leit, déi op der Strooss wunnen, net nëmmen eng waarem Molzecht kënne kréien, mee wou si op Wonsch och kënnen duschen, d'Wäsch maachen, sech d'Hoer schneide loossen oder u verschiddenen Aktivitéite kënnen deelhuelen.


D'Sue fir d'Fondatioun Lëtzebuerg-El Salvador komme virun allem dem Kannerhaus zu Santa Ana zegutt, dat d'Fondatioun an deem mëttelamerikanesche Land finanzéiert a wou d'Kanner an hirer Fräizäit ganz sënnvollen a léierräichen Aktivitéite kënne nogoen.


D'Done vun den Houser Fraen a Mamme stamen aus dem Erléis vun enger ganzer Rei vun Veranstaltungen an Aktivitéiten, déi de Veräin selwer organiséiert respektiv un deenen e sech bedeelegt huet, dorënner hiren traditionelle Bazar, mee och de Nuetsmaart an de Niklosmaart zu Housen. (jl)