2000 € fir EME - Welturopféierung vun der Marcia Bavarese

Fir di 27. Kéier haat d'Hueschterter Musek op hire Concert de Bienfaisance invitéiert. No der Begréissung duerch de Präsident Emile Wagner huet den Dirigent Claude Hoffmann de Marsch "Olimpica" ugestemmt. Nom Jacob de Haan sengem "Images de Bellac" huet d'Fanfare kennen eng Welturopféierung présentéieren. De Rainer Bartesch haat seng "Marcia Bavarese" eegens fir d'Fanfare Hueschtert an hire Solist um Alphorn Guy Mangers arrangéiert. Ier an der Paus d'Quete gemaach gouf, huet d'Musek de Publikum op den "Nanga Parbat" entfouert.

No der Paus huet d'Sonja Sartorius, daat zesumme mam Claude Bache d'Presentatioun vun de Stecker gemaach huet, "a Morricone Portrait" ugekennegt. Matt "Highland Cathedral" goung et an de schotteschen Norde, ier mam Welthit "All I want for Christmas is you", de Concert ofgeschloss gouf. Nom Concert huet de Buergermeeschter Raymond Weydert op en Éierewäin invitéiert. Do haat och d'Sarah Bergdoll d'Gelegenheet d'Fondatioun "EME - Ecouter pour mieux s'Entendre" vierzestellen, ier si e Scheck iwwer 2000 € konnt entgéint huelen.