Concert de Bienfaisance 2016

Op Stiefesdaag haat d'Hueschterter Musek op hiren traditionelle Concert de Bienfaisance agelueden. Fir den Ufank haat de Chef Claude Hoffmann den "Huldigungsmarsch aus Sigurd Jorsalfar" vum Edvard Grieg op de Programm gesaat. Mam letzebuerger Komponist Marco Pütz sengem "Choralis Tonalis" ass de Concert weidergaangen. Duerno koum eng Gesangsperformance zum Droen. D'Anna Felke huet zesumme matt der Fanfare dem Rolf Lovland säi "You raise me up" viergedroen, ier et matt der "Festa Paesana" an d'Paus gaangen ass. No enger Presentatioun vun der Associatioun Arti'chok a.s.b.l. ass eng Quête gemaach ginn.

No desem Intermezzo huet de Presentateur Claude Bache d'Rudder un d'Sonja Sartorius ginn, waat duerch den 2. Deel gefouert huet. Matt der "New Barock Suite" ass den 2. Deel agelaut ginn. Duerno huet de Claude Bache seng gesanglech Talenter enner Beweis gestallt, andeems hien de "Minuit chrétiens" vum Adolphe Adam, zesumme matt der Fanfare, zum Beschte ginn huet. Zum Ofschloss si matt "A happy Winter Holiday" modern Kreschtmusiken an der Hueschterter Kierch erklongen. De Public war esou begeeschtert dass d'Hueschterter Musek nach dem John Lennon säin "Happy X-Mas (War is Over)" zum Beschte ginn huet.

Nom Concert haat d'Gemeng Nidderaanwen, déi och de Patronage vum Concert assuréiert, op en Èierepatt invitéiert. De Präsident Emile Wagner huet sech erfreet gewisen, e Chèque iwwert 2.200 € un d'Associatioun Arti'choc a.s.b.l. kennen ze iwwerreechen