Concert de Bienfaisance - 2250 € fir Wonschstär

Traditionell hat d'Fanfare Hueschtert op Stiefesdag op hire Concert de Bienfaisance agelueden. An der Hueschterter Kierch huet d'Musek, mam Chef Claude Hoffmann, en ofwiesslungsräiche Programm gespillt, deen d'Sonja Sartorius an de Claude Bache présentéiert hunn. An der Paus huet d'Madame Viviane Vermeer vun der Associatioun Wonschstär e puer Wuert un d'Leit geriicht. Nom Concert haat Gemeng Nidderaawen op en Éierepatt invitéiert. Do gouf dann och de Chèque, a Präsenz vum Buergermeeschter Fréd Ternes, vum Vize-Präsident Claude Bache un d'Madame Vermeer iwwerreecht.