Concert de Bienfaisance

Traditionell huet d'Fanfare Hueschtert op Stiefesdag op hiren Concert de Bienfaisance an d'Kierch op Hueschtert invitéiert. Scho fir di 31. Kéier huet d'Hueschterter Musek ennert hirem Chef Claude Hoffmann fir e gudde Zweck gespillt. Während dem Concert, duerch deen d'Sonja Sartorius an de Claude Bache gefouert hunn, gouf eng Quete fir "Stärekanner a.s.b.l." gemaach.

Nom Concert haat d'Gemeng Nidderaanwen matt hirem Buergermeeschter Raymond Weydert op en Éierepatt gelueden, wou d'Martine Pinnel vun der Associatioun "Stärekanner a.s.b.l." e Chèque iwwer 2750 € konnt entgéint huelen.