Happy Birthday zum 85. Gebuertsdag fir den Arnold Holtgen


Huewel: Mat 85 Joer nach fit ze sin, dat Gléck huet den Arnold Holtgen, den säin Liewensowend viru kuurzem Doheem a sengem Wunnhaus zu Huewel konnt feieren. Den Arnold ass den 5. November 1940 zu Biekerech als den eelsten vun zwee Kanner op d‘Welt komm. Seng Elteren waren den Jean Holtgen an d’Catherine Reuter. Den Dag vun der Hochzäit mam Remy Schmitz vun Ielwen ass den 4. Juli 1966 gefeiert gin. Haut gehéieren 1 Jong an engt Enkelkand zur Famill Holtgen- Schmitz. Den Arnold Holtgen huet sengt deeglecht Brout als Camions Chauffeur am internationalen Fern-Transport bis zu senger Pensioun, verdingt. Langjährig war hien am Komitee vum lokalen Footballveräin an och an de fräiwëllege Pompjeeën. Mat enger schéiner Coupe Orchideen an gudde petits- fours war de Buergermeeschter Thierry Lagoda mat sengen zwéin Schäffen Claude Loutsch an Patrick Wampach bei den Arnold Holtgen perséinlich heem komm, fir dem Jubilar am Numm vun der Gemeng Biekerech häerzlich ze gratuléieren . No sengen Wieder vu Merci fir de schéine Geste vun der Gemeng ass d’Glas erhuewe gin an op weider gesond Joeren zesummen mat senger Fra Remy geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)