Gebuertsdagsfeier am CIPA beim Klouschter Houwald

Am CIPA Houwald beim Klouschter ass kierzlech Gebuertsdag gefeiert ginn.Invitéiert vun der Amicale waren déi Pensionären, déi an de Méint September, Oktober,November an Dezember Gebuertsdag hunn, mat Famill a Frënn.

D’Presidentin vun der Amicale Monique Mille huet als éischt der Madame Régine Neyertz félicitéiert,

déi de 27. September hir 100 Joer gefeiert huet.Si huet e Blummenarrangement iwwerreecht kritt.

Duerno hunn all Jubilaren gewënscht an e praktesche Kaddo kritt. Mat Cremant, Kuch a Kaffi ass

gefeiert ginn. Fir d’musikalesch Ennerhalung hunn de „Jemp a Jeannot“ gesuergt.

More news by Claude Niederkorn >