Gebuertsdagsfeier am CIPA beim Klouschter Houwald

Am CIPA Houwald ass kierzlech Gebuertsdag gefeiert ginn. Invitéiert vun der Amicale waren déi Pensionären, déi an de Méint Januar, Februar, Mäerz an Abrëll Gebuertsdag hunn, mat Memberen vun hirer Famill a Frënn.

D’Presidentin huet d‘Inviteeë begréisst an d’Memberen vum Comité hunn de Jubilairen e Kaddo iwwerreecht.

Dunn ass gefeiert ginn mat engem grousse Gebuertsdagskuch, Crémant a Kaffi.

D’Musikanten Jemp a Jeannot hunn fir gutt Stëmmung gesuergt a bei bekannte Melodien ass lëschteg matgesongen ginn . Dat war e schéinen Nomëtteg!

More news by Claude Niederkorn >