Gestaltung vum Bongert zu Angelduerf

Nierft dem Notzen vum Uebst, hängt d’Iwwerliewen vun villen Déierenarten vun de Bongerten an dem Liewensraum vun den Héichstammuebstwisen, déi fréier eis Dierfer geprägt hun. Déi al Beem si ganz wichteg Elementer an eiser Kulturlandschaft a bidde mat hire villen Hielen wäertvoll Liewensräim fir vill Déierenaarten, wéi z.B. de Grénge Spiecht oder de Steekauz. Dofir ass den geziilte Schutz, d’Erhalen an d’Pleg vun den Uebstbeem eng wichtg Aufgab vum Naturschutz.


De 24. November hunn d’Gemengevertrieder an den Naturschutzsyndikat SICONA zesumme mat engem vun de Propriétaire Jos Antony a Bewirtschafter Jerry Molitor de Bongert vun 2,5 ha an der Gemeng Ierpeldeng besicht. Hei stinn eng Ronn 100 Uebstbeem, haaptsächlech Äppelbeem, , déi bis zu 80 Joer al sinn, zesumme mat jonke Beem, déi nei geplanzt gi sinn. D’Äppelzorte gi vu Boskoop, iwwert de Rambour bis Reinette.


An dësem Bongert ass scho vill geschafft ginn: 2019 goufen déi al Uebstbeem, déi deelweis voller Mëspel waren, geschnidden an ca. 30 nei Uebstbeem geplanzt. Si ersetzen déi al Beem, déi an den nächste Joren no an no ëmfalen oder futti ginn. Zousätzlech goufen 2021 al Fichtebeem, déi um Bord stoungen a vill Schied op d’Beem geworf hu, weg gemaach. Si ginn dëst Joer duerch eng nei, bléieräich Heck ersat. Opgrond vun de waarme Summerméint huet en Deel vun den Neiuplanzungen bei de Beem net iwwerlieft a gëtt dowéinst ersat.


Bei der Visitt um Terrain huet de Schäfferot vun der Gemeng Ierpeldeng selwer eng Hand bei de Planzaarbechten mat ugepakt.


D’Ëmsetzung vun de Mesuren am Bongert si vum Ëmweltministère matfinanzéiert ginn.