Scheckiwwerreechung an der Izeger Grondschoul

27
Mar
2025
27 Mar

Wéi all Joer huet d’Izeger Grondschoul zesumme mat den Eltererepresentanten an der Maison Relais am Dezember e Chrëschtbasar organiséiert. Am Virfeld hunn d’SchülerInnen vill gebastelt, gebak a gekacht fir hier Saache schlussendlech um Chrëschtbasar ze verkafen. De 7. Mäerz konnten d’Kanner an der Turnhal e Scheck am Wäert vun 3 600 € un d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerreechen. Mat dëse Sue gi Projeten am Senegal finanzéiert.
Duerch flott Atelieren vun de LGS virum Chrëschtbasar kruten d’Izeger Schoulkanner en Abléck an d’Liewe vun de Kanner am Senegal.