2. Lënster Bicherbazar (Fotogalerie)

de 24. Juni hat de Lënster Bicherclub Luxemburgensia säin zweete Bicherbazar am Centre polyvalent Gaston Stein organiséiert, wou vill gebrauchten a vergraffe Bicher ugebuede goufen. Sou hunn dann och eng etlech Bicher an al Postkaarten hire Besetzer gewiesselt. Och Familjefuerscher konnten nei Kontakter knëppen an sech iwwer dësen interessanten Hobby informéieren.
Den nächste Bicherbazar gëtt de 16. Dezember ofgahalen.