Jonglënster: De "Lënster Bicherclub Luxemburgensia" hat seng Generalversammlung

D'Presidentin Carole Niesen-Jegen war frou, eng ganz Rei vu Membren op der éischter Generalversammluing vun deem 9 Méint ale Veräin "Lënster Bicherclub Luxemburgensia" begréissen ze kënnen. Si huet all deene Merci gesot, déi derzou bäigedroen hunn, datt de Club elo schon op feste Féiss steet. E grousse Merci goung un de Schäfferot, dien dem Bicherclub e Raum an der Spillschoul "an der Loupëscht" mat deem néidege Miwwel zur Verfügung gestallt huet. En décke Merci kruten och déi 32 Leit, déi Bicher un de Veräin ofginn hunn, an dat sinn der elo scho méi wéi 10.000.
De Sekretär John Feller ass op d'Schaffe vun den dynamësche Komitees-Membren agaangen, wou hie besonnësch dës Aktivitéiten hervirgestrach huet: den 28. Abrëll Grëndungsversammlung; de 25. Mee déi éischt Spend vu Bicher; den 10. Juli déi éischt Porte ouverte; den 11. Juli: den 1. Bicherverkaf; den 22. August, déi éischt Sonndes-Ouverture; am Dezember d'Publikatioun vun der éischter Veräins-Zeidung "Lënster Liesrat"; Deelhuelen un den ofizielle Feierlechkeete vun der Gemeng; den 18. Dezember de "Lënster Bicherbazar" mat 25 Stänn an iwwer 100 Dëscher. Am Numm vun der Keessiére Marie-Thérèse Rüdisser huet d'Presidentin de Keesbericht virgedroen, de ganz positiv war.
Fir 2012 sinn e.a. dës Aktivitéite virgesinn: de Bicherbuttek ass all Méindeg op vu 17 bis 19 Auer an all zweete Sonndeg am Mount vun 9.30 bis 12 Auer; zu dësen Zäite kënnen och Bicher ofgeliwwert ginn; Bicherbazare sinn am "Centre polyvalent Gaston Stein" de 24. Juni an de 16. Dezember vun 10 bis 17. Auer; et ass geplangt eng Bicherstad, wéi zum Beispill Redu, Fontenoy-la-Joûte oder Langenberg ze besichen; och ass d'Visire vun der Frankfurter Buchmesse geplangt (11. oder 13. Oktober) an et ass virgesi bei de Walfer Bicherdeeg (17. an 18. November) matzemaachen. Well de Veräi jo an de Statute stoen huet, datt hie wëll kulturell Projeten ënnerstëtzen, esou ass virgesinn fir am Kader vum Weltdag vum Buch (Unesco), den 23. Abrëll, eng Spend un d'Lëtzebuerger Nationalbibliotéik fir hire Projet 2012 ze maachen. D'Adress vun der Bicherstuff ass an der Loupëscht, 7, rue du Village, L-6140 Jonglënster. Wie Member vum Club wëllt ginn, déi brauch nëmme 5 € op de Kont: CCRALULL LU62 0090 0000 0624 5492 mam Vermierk "Cotisation membre 2012" z'iwwerweisen oder sech bei engem Komitees-Member ze mellen. De Komitee setzt sech esou zesummen: Presidentin: Carole Niesen-Jegen; Vizepresident: Serge di Paoli; Sekretär: John Feller; Keessière: Marie-Thérèse Rüdisser; Membren: Edouard Jegen, Madeleine Niesen-Jaeger an Nathalie Reuland-Schmit; Keesskontrolleren: Jeanne Schoellen-Probst a Paul Zeimet. (dd)