D'Francine Colling-Kahn ass Spëtzekandidatin bei der CSV

Zënter Jarzengten ass d'Gemeng Jonglënster an engem stännegen Opschwong an hir Awunnerzuel ass bis op 6.700 geklommen. Villes ass ënner der Regie vun der CSV geschafft ginn, an d'Lieweskalitéit léisst sech weisen. Als CDA huet d'Gemeg eng ganz Rei vu Verpflichtungen, an déi Verantwortléch si sech hirer Missioun voll a ganz bewosst; wat si permanent leeschten, dat ass schon impressionant. De Bilan ass positiv, d'Viraussetzunge fir eng ofgeséchert Zukunft si gutt, a bei alle Projeten, déi realiséiert ginn, gëtt e grousse Wäert op d'Nohaltegkeet geluegt.
Un der Spëtzt vun der Lënster Gemeng steet eng dichteg Fra, d'Francine Colling-Kahn, 56 Jar al, bestuet, dräi Kanner, déi eis all op dem Buergermeeschterposten am positive Sënn iwwerrascht huet. Wéi si virun zwee Jar dee Posten ugebuede krut - wéi hir Virgängerin Françoise Hetto-Gaasch an d'Regierung komm ass - du war si sech hirer politëscher Verantwortung voll bewosst, a spontan huet si dee schwierege Posten ugeholl. Wat si an deer Zäit opweises huet, dat ass einfach groussaarteg! Dat war awer nëmme méiglech duerch Kënnen, duerch Fläiss, duerch Freed un der Saach an duerch Verantwortungsgefill.
Mir hunn der Buergermeeschtësch Francine Colling-Kahn e puer Froe gestallt, an hei sinn hir Äntwerten:
"Ech war natierlech iwwerrascht, wéi ech gefrot gi sinn, fir de Buergermeeschterposten unzehuelen. Ech sinn och quasi "an d'kaalt Waasser gehäit ginn". Ech war mir bewosst, datt et keng einfach Aufgab wir, déi op mech duerkéim, well mer jo eng grouss Gemeng hunn, a well ech jo zu deem Zäitpunkt nach bal keng politësch Erfahrung hat.
Ech hunn op d'Zänn gebass a mir dauernd virgesot: "Du muss et ronn brengen, du bass dem Bierger dat schëlleg." An ech hu geschwënn erausfonnt: Wann de Wëllen do ass, da kann ee villes leeschten. Hëllef krut ech ech bei menge Kollegen aus dem Schäfferot an aus der Partei a bei de Gemengebeamten; dat ass menger Meenung jo ganz normal, well eng Gemeng féieren a wichteg Decisiounen huelen, dat däerf a kengem Fall an den Hänn vun enger eenzeger Persoun leien!
Wann ech elo op déi zwee Joer zréck kucken, da muss ech soen, datt et eng schwéier, awer eng ganz schéin Zäit war an nach ass. Wat d'Majoritéit bis elo geleescht huet, dat léisst sech weisen, a mir sinn nach laang net fäerdeg mat diem, wat alles geplangt ass.
Wat elo d'Wale vum 9. Oktober ubelaangt, do hu mir als CSV eng flott Equipe, sechs Fraen, siewe Männer, déi all gewëllt sinn, nom 9. Oktober sech op iergend eng Manéier net nëmme fir d'Partei, mee fir d'ganz Gemeng anzesetzen. An duerfir hunn ech och kee Moment gezéckt, fir de Poste vun der Spëtzekandidatin unzehuelen.
Wéi et weider geet? Dat bestëmmt jo mol un éischter Plaz um Waldag de Wieler. Eis Equipe ass zouversiichtlech an optimistësch. Mir triede jo net mat eidlen Hänn virun de Wieler: villes ass geschafft ginn, eise Programm gesäit gutt aus, a mir wäerten déi nächst Méint fir eng objektiv an opschlossräich Informatioun suergen a mir wäerten en oppent Ouer fir all Uleies vun eise Matbierger hunn. Mir wäerten alles ënnerhuelen, fir dem Bierger et esou einfach wéi méiglech ze maachen, fir eng gutt Decisioun ze treffen. Mir hunn awer och grousst Vertrauen an de Wieler, die bestëmmt jugéiere kann, wien hei an der Gemeng d'Jalone fir d'Zukunft gesat huet an nach weider setze kann. Meng Partei huet an deene leschte Joerzengten op Kontinuitéit gesat, mir hunn dat och fir d'Zukunft geplangt, a wa mir dann och nach weider op d'Hëllef vun eise Matbierger ziele kënnen, da wäerte mir nach villes zesumme realiséieren am Intérêt vun allen Awunner aus eiser Gemeng." (dd)