Gemeng Lënster : Vandalismus un den CSV-Affichen

Bis elo ass d’Walcampagne an der Lënster Gemeng propper a fair verlaf. Déi verschidde Parteie versichen hire Programm ze presentéieren ouni dobäi de politësche Géigner z’attackéieren. Sou wéi dat jo och ënnert erwuessene Leit soll de Fall sinn !
Leider konnte mer awer elo an deenen zwéi leschten Deeg feststellen, datt nu vu Leit, déi hirem Frust wëlle lass ginn, op eng net propper a feig Manéier d’Aarbécht vun de Parteien duerch den Dreck gezu gëtt duerch Schrëften a Gekritzels op den Affichen, also duerch Aktiounen, déi een net vu Leit erwaart, déi normal op de Walkampf vun de Parteien reagéieren. Haaptsächlech sinn et d’Plakater vun der CSV, déi beschmiert sinn. Wéi d’CSV elo matgedeelt huet, wëll si eng Plainte bei der Police maachen, wann nach iergend eng Zort vu Vandalismus op oder un de Plakate festgestallt gëtt.
Ech verstinn, datt een net mat alles, wat eis Politiker maachen, d’accord ass. Ech mengen, esou e Bierger gëtt et net. An deenen nächste Wochen zéien eis Kandidaten duerch eis Uertschaften a si hale Walversammlungen of. Dat ass d’Geleeënheet fir sech mat hinnen auszeschwätzen, fir seng Doléeance virzebrengen, fir eng konstruktiv Kritik ze maachen. Duerfir ass zwar méi Courage erfuerdert, wéi heemlech eppes op eng Affiche ze krotzelen, mee esou ass et vun de Kandidate geduecht. Chapeau virun deenen 52 Kandidaten aus eiser Gemeng, si verdéngen all eis Unerkennung, well se wëlles hunn, sech an den Déngscht vun eis all ze stellen. Si all verdéngen eise Respekt an eis Unerkennung ! Also : Ophale mat Kritzelen a bei d’Kandidate kommen an hinnen op dem direkte Wee dat soen, wat een denkt a wat een dréckt, dat bréngt méi wéi déi heemlech anonym Bemierkungen op den Affichen ! (dd)