déi gréng Jonglënster mat Spëtzen-Trio
Bei de leschte Gemengewalen haten déi gréng Jonglënster mat bal 20% vun de Stëmmen zwee Sëtz am Gemengerot kritt. Doduerch datt se den 3. Sëtz knapp verpasst haten, bestoung keng Optioun fir an d’ Verantwortung ze kommen. Trotzdem hunn déi Jonglënster gréng während de leschte 6 Joer eng engagéiert a konstruktiv Politik bedriwwen.
Fir d’ Walen 2017 hunn déi gréng Jonglënster sech virgeholl mat engem konkreten Aktiounsprogramm fir d’ Gemeng den 3. Sëtz ze packen. Dowéinst trieden se mat engem Spëtzen-Trio un, ënnerstëtzt vun enger kompetenter a motivéierter Équipe.
Christian Kmiotek, Junglinster - 57 Joer - Gemengerot, Parteipräsident, Sozialpädagog am LTPES Miersch
Anne Schroeder, Gonderange - 46 Joer - Koordinatorin vun der Héichschoul-Formatioun BTS Cinéma & Audiovisuel, Filmproduzentin a Regisseurin
Christian Goebel, Bourglinster - 37 Joer - Gemengerot, Präsident vun der Lokalsektioun, Informatiker
Jacques Dahm, Bourglinster - 34 Joer - Schoulmeeschter
Michèle Goedert, Altlinster - 54 Joer - Natur-an Ëmweltpädagogin
Monique Kayser, Imbringen - 62 Joer - Pensionéiert Secrétaire-Économe
Leo Loreti, Altlinster - 62 Joer - Ingénieur
Jean-Nico Pierre, Bourglinster - 57 Joer - Direkter Jugend & Drogenhëllef
Manuel Quaring, Bourglinster - 26 Joer - Student (Geschichtswëssenschaften)
Irène Schmitt, Gonderange - 68 Joer - Pensionéiert Éducatrice
Françoise Wecker ep. Theisen, Junglinster - 49 Joer - Sekretärin bei engem Kiné
Kim Thill, Junglinster - 33 Joer - Enseignante
Peter Vlaming, Gonderange - 60 Joer - Sécherheetskoordinateur