Dëse Weekend hunn déi gréng Jonglënster déi lescht Phase vun hirer Wahlcompagne lancéiert an deem se iwwerall op den Wahlplakaten den "Störer" gepecht hunn.
Besser liewen - gréng wielen - Lëscht 1
Vum Méinden un kenn dir dann op engem vun den 4 Informatiounsowenter är Froen un d'Kandidaten vun déi gréng Jonglënster stellen:
Méindes: am Festsall vun der Buerglënster Schoul - 19:30 Auer
Denschdes: an Centre Gastion Stein zu Jonglënster - 19:30 Auer
Mettwochs: an der aaler Schoul zu Beidweiler - 19:30 Auer
Donneschdes: am Festsall zu Gonnereng - 19:30 Auer
An Freides - 19:30 Auer - op der grousser Table-Ronde mat all den Parteien am Centre Culturel "Am Duerf" zu Jonglënster.